Episodios

  • Episode 38 - Ausbléck op d'International Humanist Conference 2025
    Jun 10 2025

    An dëser 38. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'International humanistesch Konferenz (IHC2025) déi AHA Lëtzebuerg de 5. Juli zu Lëtzebuerg organiséiert, am Kader vun der Generalversammlung vu Humanists International, déi all Joer op enger anerer Plaatz stattfënnt. D'Thema vun der Konferenz ass: From Awareness to Action: Strengthening Open Societies through Scientific Literacy.


    Weider Infos zur IHC2025 ennert: https://www.aha.lu/IHC2025

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 37 - Politesch Bildung zu Lëtzebuerg
    May 15 2025
    An dëser 37. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhält de Lex sech mam Marc Schoentgen, Direkter vum ZpB, iwwer politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwer d'Missiounen an d'Aktivitéiten vum Zentrum fir politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Well de Bob dës Kéiers net konnt live am Studio dobäi sinn, hat hien e puer Froen am Virfeld opgeholl, fir datt den Här Schoentgen drop reagéieren kéint. Weider Infos zur Arbescht vum ZpB fannt der ennert www.zpb.lu

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 36 - En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti
    Apr 8 2025
    An dëser 36. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhält de Lex sech mam Danièle Igniti. Sie schwätzen iwwer d'Liewen a Wierke vun Nelly Moia, déi den 23. Februar 2025 verstuerwen ass. Si gouf héich geschat als Professesch, Feministin, Déiereschutz-Aktivistin a Fotografin. Berufflech huet si Englesch, Italienesch, Konscht an Ethik (Morale Laïque) am Lycée Hubert Clement zu Esch/Uelzecht enseignéiert. Säit den 1950er Joren huet si reegelméisseg Artikelen iwwert d’Rechter vu Fraen an Déieren geschriwwen, déi meeschtens am Tageblatt oder am Luxemburger Land publizéiert goufen. Als iwwerzeegten Atheistin huet si ni gezéckt, sech géint d’Kierch ze positionéieren. Vun den 1980er Joren un huet si och Fotoausstellungen organiséiert a verschidde Bicher geschriwwen. Weder de Bob nach de Lex haten d’Nelly Moia als Professesch, mee si konnten en Interview mat enger anerer bekannte Lëtzebuerger Persoun féieren, déi dës Éier hat. D’Danielle Igniti, déi politesch aktiv war a nach ëmmer staark an der Konschtwelt engagéiert ass, huet am Gespréich vill Anekdote verzielt an ënnerstrach, datt d’Nelly Moia eng aussergewéinlech bemierkenswäert Persoun war. Am Laf vum Interview goufen och Themen wéi d’Kierch, d’Politik an d’Rechter vu Fraen an Déieren ugeschwat.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    59 m
  • Episode 35 - Freedom of Thought Report
    Mar 11 2025

    An dëser 35. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Emma Wadsworth-Jones, Casework & Campaigns Manager bei Humanists International iwwer de Freedom of Thought Report. Sie schwätzen iwwer de Sënn an Zweck vun deem Bericht, wat Humanists International domadder alles schonn erreecht huet a wéi een en asetze ka fir d’Rechter vun net-reliéise Mënsche weltwäit schütze kann.


    Weider Infos zum FOT Report hei: https://fot.humanists.international/download-the-key-countries-edition/

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 34 - Sinn ech een Atheist?
    Feb 11 2025

    An dëser 34. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Charles München, dee rezent ee Buch rausbruecht huet mam Titel "Suis-je un athée?" beim Ernster. Mir schwätze mat him iwwer den Inhalt vu sengem Buch, driwer weisou a wéi hien et geschriwen huet.


    Hei eng kuerz Beschreiwung vum Buch:

    Ce qui a toujours le plus préoccupé l’humain sont l’amour et la religion et la cupidité. Si la cupidité est pernicieuse, l’amour et la religion peuvent aussi parfois présenter des effets néfastes. Mais les effets de l’amour et de la religion ont souvent des fins qui peuvent atteindre le sublime. On peut placer le véritable Humanisme, au-dessus de tous les autres bienfaits vers lesquels tendent les humains. L’Église catholique a longtemps monopolisé la religion, s’érigeant en intermédiaire entre la divinité et le peuple, utilisant en promesse l’espérance illusoire d’une survie de l’âme après la mort. Ce faisant, elle s’est assurée autorité, pouvoir, gloire et fortune. Depuis deux cents ans, les choses ont beaucoup changé, l’Église ayant vu son pouvoir s’amoindrir peu à peu. Quant aux athées humanistes, ils ont acquis la liberté de se déclarer tels, sans craindre les foudres de l’Église. Cette liberté est un des effets du véritable Humanisme.


    Dir kënnt d'Buch hei bestellen:

    https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9782919892594/M%C3%BCnchen-C/Suis-je-un-ath%C3%A9e

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h y 1 m
  • Episode 33 - Wat Humaniste gleewen…
    Jan 14 2025

    An dëser 33. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer ee Buch wat rezent rauskomm ass a vum Andrew Copson, dem CEO vu Humanists UK, editéiert gouf. Et baséiert op engem Podcast mam selwechte Numm, wou och vun him ass: What I believe. Doranner gëtt ee gewuer u wat bekannten Humanistinnen an Humanisten alles gleewen, wéi eng Wäerter si hunn a wat hinne wichteg ass.


    De Podcast fannt der hei: https://whatibelieve.humanists.uk

    An d’Buch hei: https://humanists.uk/whatibelieve/

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 32 - Zum Richard Dawkins
    Dec 10 2024
    An dëser 32. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer dem Richard Dawkins säi Wierken als Wëssenschaftler an als atheisteschen Aktivist. Si lauschteren sech ausgewielten Stécker aus engem Gespréich vum Richard Dawkins mam Peter Boghossian un a kommentéieren se kuerz.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 31 - "Democracy, not Theocracy" with Fish Stark, CEO of A.H.A.
    Nov 13 2024

    An dëser 31. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'Presidentschaftswalen an den USA rondrem een Interview wou de Bob am Virfeld vun de Walen mam Fish Stark, CEO vun der American Humanist Association, gemaach hat zu hierem Projet "Democracy, not Theocracy". Weider Infos dozou hei: https://americanhumanist.org/democracynottheocracy/


    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
adbl_web_global_use_to_activate_webcro805_stickypopup