Iwwer Gott an d'Welt Podcast Por Bob Reuter arte de portada

Iwwer Gott an d'Welt

Iwwer Gott an d'Welt

De: Bob Reuter
Escúchala gratis

Acerca de esta escucha

LU - An dëser Radio Sendung gëtt „iwwer Gott an d’Welt“ geschwat. De Lex an de Bob vun AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker zu Lëtzebuerg) beliichte verschidden Themen duerch de Brëll vum weltlechen Humanismus. All Episod exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen. Si schwätze mat Humanistinnen an Humanisten aus der ganzer Welt iwwer d’humanistesch Liewensweis, hir Wäerter an Iwwerzeegungen. D'Sprooch variéiert en Funktioun vun de Gäscht am Studio. Dobäi behandelen si ënner anerem: d’Geschicht vum Humanismus, Atheismus, Agnostizismus an der Opklärung, d’Wichtegkeet vum Prinzip vum säkulare Staat fir d’Gewëssensfräiheet, d’Meenungsfräiheet an d’Reliounsfräiheet, déi weltlech humanistesch Feierkultur a verschiddene Länner, d’Roll vun der Wëssenschaft an der Gesellschaft an; déi grouss moralesch an ethesch Themen vun eiser Zäit. All Episod vun “Iwwer Gott an d’Welt” exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen, vu Politik iwwer Reliounskritik, Vernonft, Selbstbestëmmung, Fräiheet, Wëssenschaft, Kierchekritik a Verantwortung bis zur Popkultur. Wann Dir Iech als Humanist, Atheist, Agnostiker ugesinn, oder wann Dir méi iwwer Humanismus, Atheismus an Agnostizismus gewuer wëllt ginn, da lauschtert an dës Sendung ran.


EN - In this radio show we talk about "God and the world". Lex and Bob from AHA Lëtzebuerg (Alliance of Humanists, Atheists, and Agnostics in Luxembourg) shed light on various topics through the lens of secular humanism. Each episode explores a different area of humanistic thinking and action. They speak with humanists from around the world about their humanistic way of life, their values, and beliefs. The language used varies depending on the guests in the studio. Among other things, they discuss the history of humanism, atheism, agnosticism, and enlightenment, the importance of the principle of a secular state for freedom of conscience, freedom of speech, and religious freedom, secular humanist celebration culture in various countries, the role of science in society, and the significant moral and ethical issues of our time. Each episode of "God and the world" explores a different area of humanistic thinking and action, from politics to religion criticism, reason, self-determination, freedom, science, church criticism, responsibility, and popular culture. If you identify as a humanist, atheist, or agnostic or if you want to learn more about humanism, atheism, and agnosticism, tune in to this show.


FR - Dans cette émission de radio, on parle de "Dieu et du monde". Lex et Bob de l'AHA Lëtzebuerg (Alliance des humanistes, athées et agnostiques du Luxembourg) mettent en lumière différents sujets à travers le prisme de l'humanisme laïque. Chaque épisode explore une zone différente de la pensée et de l'action humanistes. Ils s'entretiennent avec des humanistes du monde entier sur leur mode de vie humaniste, leurs valeurs et leurs croyances. La langue utilisée varie en fonction des invités en studio. Entre autres sujets, ils discutent de l'histoire de l'humanisme, de l'athéisme, de l'agnosticisme et des Lumières, de l'importance du principe d'un État laïque pour la liberté de conscience, la liberté d'expression et la liberté religieuse, de la culture de célébration humaniste laïque dans différents pays, du rôle de la science dans la société et des grands enjeux moraux et éthiques de notre temps. Chaque épisode de "Dieu et du monde" explore une zone différente de la pensée et de l'action humanistes, de la politique à la critique de la religion, de la raison à l'autodétermination, de la liberté à la science, de la critique de l'Église à la responsabilité et à la culture populaire. Si vous vous identifiez comme humaniste, athée ou agnostique, ou si vous voulez en savoir plus sur l'humanisme, l'athéisme et l'agnosticisme, écoutez cette émission.

Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

Bob Reuter
Ciencia Ciencias Sociales Espiritualidad
Episodios
  • Episode 38 - Ausbléck op d'International Humanist Conference 2025
    Jun 10 2025

    An dëser 38. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'International humanistesch Konferenz (IHC2025) déi AHA Lëtzebuerg de 5. Juli zu Lëtzebuerg organiséiert, am Kader vun der Generalversammlung vu Humanists International, déi all Joer op enger anerer Plaatz stattfënnt. D'Thema vun der Konferenz ass: From Awareness to Action: Strengthening Open Societies through Scientific Literacy.


    Weider Infos zur IHC2025 ennert: https://www.aha.lu/IHC2025

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 37 - Politesch Bildung zu Lëtzebuerg
    May 15 2025
    An dëser 37. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhält de Lex sech mam Marc Schoentgen, Direkter vum ZpB, iwwer politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwer d'Missiounen an d'Aktivitéiten vum Zentrum fir politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Well de Bob dës Kéiers net konnt live am Studio dobäi sinn, hat hien e puer Froen am Virfeld opgeholl, fir datt den Här Schoentgen drop reagéieren kéint. Weider Infos zur Arbescht vum ZpB fannt der ennert www.zpb.lu

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 36 - En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti
    Apr 8 2025
    An dëser 36. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhält de Lex sech mam Danièle Igniti. Sie schwätzen iwwer d'Liewen a Wierke vun Nelly Moia, déi den 23. Februar 2025 verstuerwen ass. Si gouf héich geschat als Professesch, Feministin, Déiereschutz-Aktivistin a Fotografin. Berufflech huet si Englesch, Italienesch, Konscht an Ethik (Morale Laïque) am Lycée Hubert Clement zu Esch/Uelzecht enseignéiert. Säit den 1950er Joren huet si reegelméisseg Artikelen iwwert d’Rechter vu Fraen an Déieren geschriwwen, déi meeschtens am Tageblatt oder am Luxemburger Land publizéiert goufen. Als iwwerzeegten Atheistin huet si ni gezéckt, sech géint d’Kierch ze positionéieren. Vun den 1980er Joren un huet si och Fotoausstellungen organiséiert a verschidde Bicher geschriwwen. Weder de Bob nach de Lex haten d’Nelly Moia als Professesch, mee si konnten en Interview mat enger anerer bekannte Lëtzebuerger Persoun féieren, déi dës Éier hat. D’Danielle Igniti, déi politesch aktiv war a nach ëmmer staark an der Konschtwelt engagéiert ass, huet am Gespréich vill Anekdote verzielt an ënnerstrach, datt d’Nelly Moia eng aussergewéinlech bemierkenswäert Persoun war. Am Laf vum Interview goufen och Themen wéi d’Kierch, d’Politik an d’Rechter vu Fraen an Déieren ugeschwat.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    59 m
adbl_web_global_use_to_activate_webcro805_stickypopup
Todavía no hay opiniones