Iwwer Gott an d'Welt Podcast Por Bob Reuter arte de portada

Iwwer Gott an d'Welt

Iwwer Gott an d'Welt

De: Bob Reuter
Escúchala gratis

LU - An dëser Radio Sendung gëtt „iwwer Gott an d’Welt“ geschwat. De Lex an de Bob vun AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker zu Lëtzebuerg) beliichte verschidden Themen duerch de Brëll vum weltlechen Humanismus. All Episod exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen. Si schwätze mat Humanistinnen an Humanisten aus der ganzer Welt iwwer d’humanistesch Liewensweis, hir Wäerter an Iwwerzeegungen. D'Sprooch variéiert en Funktioun vun de Gäscht am Studio. Dobäi behandelen si ënner anerem: d’Geschicht vum Humanismus, Atheismus, Agnostizismus an der Opklärung, d’Wichtegkeet vum Prinzip vum säkulare Staat fir d’Gewëssensfräiheet, d’Meenungsfräiheet an d’Reliounsfräiheet, déi weltlech humanistesch Feierkultur a verschiddene Länner, d’Roll vun der Wëssenschaft an der Gesellschaft an; déi grouss moralesch an ethesch Themen vun eiser Zäit. All Episod vun “Iwwer Gott an d’Welt” exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen, vu Politik iwwer Reliounskritik, Vernonft, Selbstbestëmmung, Fräiheet, Wëssenschaft, Kierchekritik a Verantwortung bis zur Popkultur. Wann Dir Iech als Humanist, Atheist, Agnostiker ugesinn, oder wann Dir méi iwwer Humanismus, Atheismus an Agnostizismus gewuer wëllt ginn, da lauschtert an dës Sendung ran.


EN - In this radio show we talk about "God and the world". Lex and Bob from AHA Lëtzebuerg (Alliance of Humanists, Atheists, and Agnostics in Luxembourg) shed light on various topics through the lens of secular humanism. Each episode explores a different area of humanistic thinking and action. They speak with humanists from around the world about their humanistic way of life, their values, and beliefs. The language used varies depending on the guests in the studio. Among other things, they discuss the history of humanism, atheism, agnosticism, and enlightenment, the importance of the principle of a secular state for freedom of conscience, freedom of speech, and religious freedom, secular humanist celebration culture in various countries, the role of science in society, and the significant moral and ethical issues of our time. Each episode of "God and the world" explores a different area of humanistic thinking and action, from politics to religion criticism, reason, self-determination, freedom, science, church criticism, responsibility, and popular culture. If you identify as a humanist, atheist, or agnostic or if you want to learn more about humanism, atheism, and agnosticism, tune in to this show.


FR - Dans cette émission de radio, on parle de "Dieu et du monde". Lex et Bob de l'AHA Lëtzebuerg (Alliance des humanistes, athées et agnostiques du Luxembourg) mettent en lumière différents sujets à travers le prisme de l'humanisme laïque. Chaque épisode explore une zone différente de la pensée et de l'action humanistes. Ils s'entretiennent avec des humanistes du monde entier sur leur mode de vie humaniste, leurs valeurs et leurs croyances. La langue utilisée varie en fonction des invités en studio. Entre autres sujets, ils discutent de l'histoire de l'humanisme, de l'athéisme, de l'agnosticisme et des Lumières, de l'importance du principe d'un État laïque pour la liberté de conscience, la liberté d'expression et la liberté religieuse, de la culture de célébration humaniste laïque dans différents pays, du rôle de la science dans la société et des grands enjeux moraux et éthiques de notre temps. Chaque épisode de "Dieu et du monde" explore une zone différente de la pensée et de l'action humanistes, de la politique à la critique de la religion, de la raison à l'autodétermination, de la liberté à la science, de la critique de l'Église à la responsabilité et à la culture populaire. Si vous vous identifiez comme humaniste, athée ou agnostique, ou si vous voulez en savoir plus sur l'humanisme, l'athéisme et l'agnosticisme, écoutez cette émission.

Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

Bob Reuter
Ciencia Ciencias Sociales Espiritualidad
Episodios
  • Episode 47 - Vive d'Republik!
    Mar 10 2026

    An dëser 47. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ennerhalen de Lex an de Bob sech mam Claude Frentz a mam Jan Guth vun der ASBL 1919 iwwer d'Geschicht vun de republikaneschen Projeten zu Lëtzebuerg a wéi hiere Veräin versicht fir d'Wëssen doriwwer an der Bevëlkerung ze stärken. De Claude Frentz huet viru kuerzem d'Buch "Vive d'Republik!" publizéiert woumadder hien probéiert fir d'Memoire vun dëse replublikanesche Bestriewungen a mei korrekt Liicht ze stellen a fir Opklärung ze suergen.


    Weider Infos zum Buch:

    Claude Frentz: Vive d’Republik!

    Über die Jahrhunderte hinweg gab es auch in Luxemburg immer wieder Menschen, die keine Untertanen einer Königlichen Hoheit mehr sein wollten. Sie stellten die unzeitgemäße, demokratischen Idealen widersprechende Monarchie grundsätzlich in Frage.

    Wer waren diese Leute und wofür kämpften sie?

    Zwischen dem 9. und 12. Januar 1919 verhinderte eine französische Militärintervention, dass ein breites Bündnis aus Arbeitern, Bürgern und Soldaten den linksliberalen Politiker und Industriellen Émile Servais zum Präsidenten einer fortschrittlichen Luxemburger Republik machen konnte. Wie konnte es so weit kommen und was waren die Folgen der gescheiterten Januarrevolution?

    Die Zahl republikanisch gesinnter Bürger*innen ist im Anwachsen.

    Welchen Stellenwert haben Republikanismus und Monarchiekritik in unserer heutigen Gesellschaft?

    https://www.editionsphi.lu/produit/claude-frentz-vive-drepublik/


    De Claude Frentz wor och zu Gaascht um Radio 100,7 fir säi Buch (kuerz) virzestellen:

    https://100komma7.lu/show/Moiesstudio/202602180832/episode/Vive-d-Republik


    Weider Infos zur ASBL 1919:

    https://www.1919.lu

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h y 1 m
  • Episode 46 - Generation 50+ im Sog von Verschwörung & Esoterik
    Feb 10 2026

    An dëser 46. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ennerhalen de Lex an de Bob sech driwwer wéi besonneg d'Generatioun 50+ d'Gefor leeft fir sech ze radikaliséieren an an de Bann vu Verschwörungstheorien, Esoterik a soss geféierlechen Ideologien ze geroden, obwuel mer bis elo ëmmer gemengt hunn et wären déi Jugendlech déi ee virun de Gefore vu Fake News, Filterblosen und co. schütze misst. Haut ass Safer Internet Day, an d'Autorin vum Buch wou d'Initialzündung fir d'Iddi vun dëser Episode ginn hat, waren haut zu Lëtzebuerg fir ee Virtrag - op Aluedung vu GoldenMe Lëtzebuerg, enger asbl wou de Bob och am Verwaltungsrot ass. D'Sarah Pohl an d'Mirjam Wiedemann beschäftegen sech a Baden-Württemberg scho méi laang mat der Problematik. De Lex an de Bob stellen sech och d'Fro inwiefern grad mir Humanistinnen an Humanisten aktiv sollte ginn fir Menschen opzeklären iwwer déi Geforen an och fir hier Hëllef unzebidden.


    Weider Infos zum Buch: https://www.perlentaucher.de/buch/sarah-pohl-mirijam-wiedemann/abgetaucht-radikalisiert-verloren.html

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 45 - Réckbléck op d'Aktivitéiten bei AHA am Joer 2025
    Jan 13 2026

    An dëser 45. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Tanja Frank, och Member am Verwaltungsrot vun AHA Lëtzebuerg, iwwer dat wat AHA Lëtzebuerg am Joer 2025 beschäftegt huet. Dës Keiers ee Réckbléck op d'Aktivitéiten vum Veräin an och e bessi ee Bléck hannert d'Kulissen vun eisem Wierken.


    Den direkt Link op eise Pressespiggel fannt dir hei: https://www.aha.lu/index.php/news/pressespiegel

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h y 1 m
Todavía no hay opiniones