Episodios

  • New Work #25 - Fraerechter op der Aarbecht
    Mar 20 2026
    Um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sinn d'Fraen an d'Männer gläichberechtegt. Laut enger Statistik vun 2023, déi fir Opreegung gesuergt huet, verdéngen d'Fraen sou guer méi, wéi d'Männer. Dobäi handelt et sech nëmmen ëm de Stonneloun. Wann een sech de Joresgehalt ukuckt, herrscht nämlech nach ganz kloer en Gender Pay Gap. Wéi ënnerscheeden sech d'Aarbechtskonditioune vu Männer a Fraen zu Lëtzebuerg? Ass hallef Zäit Schaffen eng reel Chance fir d'Fraen oder ass et éischter en Nodeel? A wéi no si mir dem Zil vun enger gläichberechtegter Aarbechtswelt? Genee doriwwer schwätze mer mam Johana Soares Lapeira, Juristin a Conseillère bei der Chambre des salariés, a mam Isabelle Schmoetten, Directrice vum CID Fraen an Gender.
    Más Menos
    23 m
  • New Work #24 - Méi Weiderbildung, méi Aarbechtsqualitéit
    Feb 25 2026
    All Joer freet sech d'Chambre des salariés, wéi et ëm d'Aarbechtsbedingungen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché steet. Dofir huet si zesumme mat der Uni Lëtzebuerg an dem Sozialfuerschungsinstitut INFAS de Quality of Work Index an d'Liewe geruff. Eng Studie, bei der dausende vu Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, zu hirem Bien-Être op a ronderëm d'Aarbecht befrot ginn. Wéi eng Roll spillen déi initial Formatioun a Weiderbildungen am Kontext vum Wuelbefannen op der Aarbecht? Wéi gesäit de Quality of Work Index vun 2025 aus? A verbesseren sech d'Aarbechtsbedingungen zu Lëtzebuerg op laang Siicht? All dat kläre mir haut mam David Büchel, Conseiller de Direction bei der CSL, an dem Dr. Philipp Sischka, Fuerscher op der Uni.lu an Deel vun der Ekipp, déi d'Studie auswäert.
    Más Menos
    Aún no se conoce
  • New Work #23 - Acquis ou conquis sociaux ?
    Nov 10 2025
    Fir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft. Do wou d’Chambre des salariés hikomme wëll, si mir haut awer nach net ukomm. Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng Aarbechtsrechter konnt een sech an der Vergaangenheet erkämpfen? An wéi kollaboréieren d’Gewerkschaften an d’Chambre des Salariés zesummen? All déi Froe si virun allem an der haiteger Zäit, wou d’Tripartite ëmmer nees duerch d’Streidegkeeten an d’Opmierksamkeet geréit, wichteg. Genee dat beschwätze mir an dëser Episod mam Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, a mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
    Más Menos
    21 m
  • New Work #22 - Panorama social 2025
    Oct 21 2025
    Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg. Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama Social vun der CSL op a sichen no Léisungen. Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama Social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren… Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.
    Más Menos
    16 m
  • New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter
    Oct 2 2025
    Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren. Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net. Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master, kann een Diplomer an divers Zertifikaen och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land. Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.
    Más Menos
    22 m
  • New Work #20 - Wéi de Klimawandel d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt
    Sep 1 2025
    De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff. Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen. Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.
    Más Menos
    21 m
  • New Work #19 - Wuelbefannen an atypesch Aarbechtszäiten
    Jun 4 2025
    Work-Life Balance ass een Term, deen een net méi ëmgoe kann. Ëmmer méi gëtt iwwert d’Wuelbefanne vun de Salarié*een op der Aarbecht geschwat – an d'Chambre des salariés mécht all Joers an deem Kontext eng gréisser Enquête. Wéi huet d’Covid-Pandemie d’Wuelbefanne vun de Salarié*eë gepräägt? Wat beaflosst de Bien-être positiv – a wat negativ? Kann een den Impakt vun atypeschen Aarbechtszäite moossen? A si Léisungsusätz, wéi d’Véier-Deeg-Schaffwoch, wierklech erwënscht? Genee dës Froe beäntweren den David Büchel, Aarbechtspsycholog bei der Chambre des salariés, an d'Nathalie Moschetti, Juristin bei der CSL, an dëser Episod.
    Más Menos
    21 m
  • New Work #18 - Tipps fir däin éischten Job
    Apr 10 2025
    Egal op Stage, Studentenjob oder éischt Aarbecht – bal all Mënsch lant iergendwann um Aarbechtsmarché. An tëscht all de verschiddene Kontrakter a Konditiounen, kann et am Ufank iwwerfuerderend sinn, den Iwwerbléck ze behalen. Op wat muss ee beim Ënnerschreiwe vun engem Kontrakt, wann ee manner Erfarung huet, oppassen? Wéi a wou informéiert een sech am beschten iwwert déi verschidden Offeren? Wat sinn d'No-Go's bei enger Kandidatur a vu wat oder weem kann een sech hëllefe loossen? D'Chambre des salariés hëlleft den Demandeurs d’emploi, sech virzebereeden an déi néideg Recherchen ze maachen. An dëser Episod deelen de Michel Di Felice an d'Nathalie Moschetti, alle béid Juristen a Conseiller bei der CSL, hir Tipps an Tricks.
    Más Menos
    12 m