New Work Podcast Por Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal) arte de portada

New Work

New Work

De: Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Escúchala gratis

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.Lëtzebuerger Journal Economía Educación Exito Profesional
Episodios
  • New Work #25 - Fraerechter op der Aarbecht
    Mar 20 2026
    Um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sinn d'Fraen an d'Männer gläichberechtegt. Laut enger Statistik vun 2023, déi fir Opreegung gesuergt huet, verdéngen d'Fraen sou guer méi, wéi d'Männer. Dobäi handelt et sech nëmmen ëm de Stonneloun. Wann een sech de Joresgehalt ukuckt, herrscht nämlech nach ganz kloer en Gender Pay Gap. Wéi ënnerscheeden sech d'Aarbechtskonditioune vu Männer a Fraen zu Lëtzebuerg? Ass hallef Zäit Schaffen eng reel Chance fir d'Fraen oder ass et éischter en Nodeel? A wéi no si mir dem Zil vun enger gläichberechtegter Aarbechtswelt? Genee doriwwer schwätze mer mam Johana Soares Lapeira, Juristin a Conseillère bei der Chambre des salariés, a mam Isabelle Schmoetten, Directrice vum CID Fraen an Gender.
    Más Menos
    23 m
  • New Work #24 - Méi Weiderbildung, méi Aarbechtsqualitéit
    Feb 25 2026
    All Joer freet sech d'Chambre des salariés, wéi et ëm d'Aarbechtsbedingungen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché steet. Dofir huet si zesumme mat der Uni Lëtzebuerg an dem Sozialfuerschungsinstitut INFAS de Quality of Work Index an d'Liewe geruff. Eng Studie, bei der dausende vu Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, zu hirem Bien-Être op a ronderëm d'Aarbecht befrot ginn. Wéi eng Roll spillen déi initial Formatioun a Weiderbildungen am Kontext vum Wuelbefannen op der Aarbecht? Wéi gesäit de Quality of Work Index vun 2025 aus? A verbesseren sech d'Aarbechtsbedingungen zu Lëtzebuerg op laang Siicht? All dat kläre mir haut mam David Büchel, Conseiller de Direction bei der CSL, an dem Dr. Philipp Sischka, Fuerscher op der Uni.lu an Deel vun der Ekipp, déi d'Studie auswäert.
    Más Menos
    Aún no se conoce
  • New Work #23 - Acquis ou conquis sociaux ?
    Nov 10 2025
    Fir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft. Do wou d’Chambre des salariés hikomme wëll, si mir haut awer nach net ukomm. Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng Aarbechtsrechter konnt een sech an der Vergaangenheet erkämpfen? An wéi kollaboréieren d’Gewerkschaften an d’Chambre des Salariés zesummen? All déi Froe si virun allem an der haiteger Zäit, wou d’Tripartite ëmmer nees duerch d’Streidegkeeten an d’Opmierksamkeet geréit, wichteg. Genee dat beschwätze mir an dëser Episod mam Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, a mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
    Más Menos
    21 m
Todavía no hay opiniones