Episodios

  • Episod 114 - De Fall Julie Kibuishi
    Dec 14 2025
    Am Mee 2010 fiert dem Samuel Herr säi Papp bei säi Bouf an d'Wunneng nodeems dësen net opgedaucht ass. An der Wunneng fënnt de Papp an der Wunneng d'Läich vun enger jonker Fra. Dobäi handelt et sech ëm dat 23 Joer alt Juri „Julie“ Kibuishi. Hatt ass eng gutt Frëndin vum Sam Herr. Alles weist drop hin, dass de Sam Sex mam Julie wollt hunn an hien sech gewaltsam un him vergraff huet an d'Julie dono erschoss huet. Bei weideren Ermëttlunge sollt sech awer e ganz anert Bild zum Fall weisen. Alles Weideres an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    37 m
  • Episod 113 - D'Verschwanne vum Emanuela Orlandi
    Nov 30 2025
    Dat 15 Joer alt Emanuela Orlandi lieft mat senger Famill am Vatikan, well säi Papp ass en héische Mataarbechter vum Poopst. D’Emanuela geet zu Roum an eng Musikschoul, sou huet et och mëttwochs den 22. Juni 1983 do Kuer. Hei gëtt et nach vun engem Typ ugeschwat fir een Job bei enger Kosmetikfirma. Nom Kuer ënnerhält hatt sech nach mat senge Frëndinnen a mécht sech dann op de Wee fir zeréck an de Vatikan. Hei kënnt hatt awer ni un an zanterdeem feelt vum Emanuela all Spuer. Et kommen ëmmer erëm verschidden Hiweiser an Tipps, mee dat alles féiert zu kengem Resultat. Sou entstinn onzieleg Theorien zu senger Verschwannen. Alles dat gëtt et an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    46 m
  • Episod 112 - D'Verschwanne vum Brian Shaffer
    Nov 16 2025
    Den 31. Mäerz 2006 geet de Brian Shaffer mat engem Kolleeg eraus a Baren a Clubben. Seng Mamm ass kierzlech gestuerwen an de Brian wëll sech bëssen oflenken. Tëschent 1:00 an 2:00 Auer kennt de Brian an der Bar mam Numm „The Ugly Toona Saloona“ un, hei gëtt hien um 1:57 Auer nach vun enger Kamera gefilmt, mee dono verléiert sech all Spuer vum Brian. An der Bar ginn nach säi Portmonni an seng Schlëssele fonnt, mee hie selwer ass fort. De Brian taucht och dono net méi op. Wou ass hien? Wat ass geschitt? Wat hunn d’Ermëttler fonnt? Wat sinn d’Theorien? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    32 m
  • Episod 111 - De Fall Kalinka Bamberski
    Nov 2 2025
    Am Joer 1982 verbréngt dat 14 Joer alt Kalinka seng Summervakanz mat sengem klenge Brudder um Bodensee bei senger Mamm a sengem Stéifpapp. Dëst leeft och souwäit ganz normal of, mee den 9. Juli geet et dem Kalinka net sou gutt an den Dr. Krombach, dem Kalinka säi Stéifpapp, sprëtzt him ee Mëttel. D'Kalinka geet an d'Bett a schléift an an aus dësem Schlof sollt hatt net méi erwächen. Moies fënnt de Stéifpapp hatt dout am Bett an obwuel d'Meedche scho laang dout ass, versicht hien hatt nach ze reaniméieren, mee ouni Erfolleg. Vun dësem Moment u fänkt et un, dass sech alles komesch entwéckelt: Saache gi vertuscht, ignoréiert a fir onwichteg gehalen. Just dem Kalinka säi richtege Papp gëtt net op. Bal 30 Joer laang kämpft hie fir Gerechtegkeet fir seng Duechter. Wéi ass d'Kalinka gestuerwen? Wien huet Schold dorunner? Wéi konnt de Papp fir Gerechtegkeet suergen? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    27 m
  • Episod 110 - D'Oetker-Entféierung
    Oct 12 2025
    De 14. Dezember 1976 kennt de Richard Oetker, Ierwe vum groussen Oetker-Konzern, grad aus dem Gebai vun der Uni Freising, wéi um Parking schonn e Bewaffneten op de Richard waart. De Richard Oetker gëtt iwwerwältegt an an eng kleng Këscht aus Holz gespaart an där hien ageenkt gouf a schlëmm Qualen iwwert sech ergoe muss loossen. Den Oetker gëtt vu sengem Entféierer 47 Stonnen an dëser Këscht gefaange gehale bis en erëm fräi kennt. Wien ass den Entféierer a wéi koum den Oetker erëm fräi? Alles dat an der neitster Episod vu Loscht op Mord. Alles dat an dëser Episode vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    20 m
  • Episod 109 - De St. Pauli Killer
    Sep 28 2025
    An den 1980er Joren ass Hamburg St. Pauli vun Drogen, Prostitutioun a Gewalt gepräägt. An genau hei fënnt de Werner Pinzner seng Beruffung. Hien gëtt zum Optragskiller an dësem Milieu a begeet op mannst véier Optragsmorden. Dat Ganzt geet op en Enn wéi de Pinzner verhaft gëtt a schlussendlech am Policebüro seng Fra, de Procureur an sech selwer erschéisst. Mee hei stécht nach vill méi derhannert. Wat ass alles geschitt? Wéi konnt et zu dëser bluddeger Dot am Policebüro kommen? Wat fir Nowierkunge ginn et? Alles dat an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    29 m
  • Episod 108 - Den Déifstall vum Mona Lisa
    Sep 14 2025
    Dës Kéier gëtt et kee Mord, keng Entféierung, kee Fall vun enger vermësster Persoun. Mee d'Julie an de Charel schwätzen dës Kéier iwwert een Déifstall deen d'Konschtgeschicht fir ëmmer verännert huet. Si schwätzen iwwert den Déifstall vum Mona Lisa. Wéi konnt dat weltberüümte Bildgeklaut ginn? Wien war et? A wéi ass dës Persoun opgeflunn? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    20 m
  • Episod 107 - Mordfall Hinterkaifeck
    Jul 27 2025
    Am Mäerz 1922 entdeckt d'Famill Gruber um Haff Hinterkaifeck komesch Saachen, déi drop hindeiten, dass een sech am Haus ophält. Den Haff läit relativ isoléiert an et wunne sechs Persounen do. Den 31. Mäerz 1922 gëtt déi ganz Famill brutal ermort. Mee bis dat opfält vergi véier Deeg. Et schéngt wéi wann den Täter weider um Haff gewunnt, gekacht, gebak a souguer d'Kéi gestrach hätt. Et ginn e puer Verdächteger, mee bis haut konnt keen Täter ermëttelt ginn.
    Más Menos
    37 m
adbl_web_global_use_to_activate_DT_webcro_1694_expandible_banner_T1