Loscht op Mord Podcast Por Charel Krier Julie Gerard arte de portada

Loscht op Mord

Loscht op Mord

De: Charel Krier Julie Gerard
Escúchala gratis

OFERTA POR TIEMPO LIMITADO | Obtén 3 meses por US$0.99 al mes

$14.95/mes despues- se aplican términos.
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.Eldoradio Biografías y Memorias Crímenes Reales
Episodios
  • Episod 114 - De Fall Julie Kibuishi
    Dec 14 2025
    Am Mee 2010 fiert dem Samuel Herr säi Papp bei säi Bouf an d'Wunneng nodeems dësen net opgedaucht ass. An der Wunneng fënnt de Papp an der Wunneng d'Läich vun enger jonker Fra. Dobäi handelt et sech ëm dat 23 Joer alt Juri „Julie“ Kibuishi. Hatt ass eng gutt Frëndin vum Sam Herr. Alles weist drop hin, dass de Sam Sex mam Julie wollt hunn an hien sech gewaltsam un him vergraff huet an d'Julie dono erschoss huet. Bei weideren Ermëttlunge sollt sech awer e ganz anert Bild zum Fall weisen. Alles Weideres an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    37 m
  • Episod 113 - D'Verschwanne vum Emanuela Orlandi
    Nov 30 2025
    Dat 15 Joer alt Emanuela Orlandi lieft mat senger Famill am Vatikan, well säi Papp ass en héische Mataarbechter vum Poopst. D’Emanuela geet zu Roum an eng Musikschoul, sou huet et och mëttwochs den 22. Juni 1983 do Kuer. Hei gëtt et nach vun engem Typ ugeschwat fir een Job bei enger Kosmetikfirma. Nom Kuer ënnerhält hatt sech nach mat senge Frëndinnen a mécht sech dann op de Wee fir zeréck an de Vatikan. Hei kënnt hatt awer ni un an zanterdeem feelt vum Emanuela all Spuer. Et kommen ëmmer erëm verschidden Hiweiser an Tipps, mee dat alles féiert zu kengem Resultat. Sou entstinn onzieleg Theorien zu senger Verschwannen. Alles dat gëtt et an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    46 m
  • Episod 112 - D'Verschwanne vum Brian Shaffer
    Nov 16 2025
    Den 31. Mäerz 2006 geet de Brian Shaffer mat engem Kolleeg eraus a Baren a Clubben. Seng Mamm ass kierzlech gestuerwen an de Brian wëll sech bëssen oflenken. Tëschent 1:00 an 2:00 Auer kennt de Brian an der Bar mam Numm „The Ugly Toona Saloona“ un, hei gëtt hien um 1:57 Auer nach vun enger Kamera gefilmt, mee dono verléiert sech all Spuer vum Brian. An der Bar ginn nach säi Portmonni an seng Schlëssele fonnt, mee hie selwer ass fort. De Brian taucht och dono net méi op. Wou ass hien? Wat ass geschitt? Wat hunn d’Ermëttler fonnt? Wat sinn d’Theorien? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
    Más Menos
    32 m
Todavía no hay opiniones