Poterkëscht vum INLL Podcast Por Poterkëscht arte de portada

Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

De: Poterkëscht
Escúchala gratis

Acerca de esta escucha

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.Poterkëscht Aprendizaje de Idiomas
Episodios
  • Iwwer Upcycling schwätzen (B1)
    May 22 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut schwätze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Upcycling

    A: So, d’Kanner léieren de Moment, wéi ee richteg recycléiert, mee ech wëll hinnen och gär weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder?

    B: Genee! Dat war fir mäi Stage an der Spillschoul.

    A: Kanns du mer e puer Iddie ginn? Ech weess, um Internet fënnt een alles, mee hues du Beispiller, déi gutt mat de Kanner fonctionéiert hunn?

    B: Jo, natierlech! Eppes, wat séier geet, ass en Tic-tac-toe aus Fläschendeckelen. Du mools d’Spill op e Stéck Kartrong vun enger aler Këscht a si kënnen d’Deckele umolen, entweeder mat zwou verschidde Faarwen oder se mole Symboler drop: en X, e Krees, eng Sonn, en Häerz oder eppes Aneres.

    A: A, dat ass flott! Da fänken ech mol un, Deckelen ze sammelen. Mir benotzen net méi sou vill plastiks Fläschen…

    B: Jo, ok! Eng aner Iddi ass, kleng Blummendëppen aus alen Dousen ze bastelen. Déi hunn ech och doheem, fir meng Kraider an der Kichen. Fir d’éischt muss de d’Béchsen natierlech spullen an de schaarfe Rand vun all Béchs mam Hummer platt schloen. Duerno muss de mam Hummer a mat engem Nol e puer Lächer an de Buedem schloen an da kënnt der d’Béchs mat Acryl-Faarf umolen. Waart, ech weisen der eng Foto vu mengen...

    A: O, super! Wéi schéin! Déi Iddi gefält mer immens gutt!

    B: Merci! Aus ale Këschten aus Holz oder Kartrong kann een och flott Saache maachen: eng Etagère, e Poppenhaus oder direkt eng kleng Stad mat Gebaier aus Müsli- a Cornflakeskëschten. Kuck, d’Stad, déi d’Kanner opgeriicht hunn ass bal sou grouss wéi eise Klassesall.

    A: Mega! Do si jo och kleng Figuren!

    B: Genee, d’Persounen an d’Déiere sinn aus alen Toilettërulloen an och ganz einfach ze maachen.

    A: Super! Domat sinn d’Kanner och laang beschäftegt a kënne kreativ sinn.

    B: Genee! A wéi all Léierin oder Schoulmeeschter muss de lo ufänken, Toilettërulloen ze sammelen.

    A: Haha! Allerdéngs!

    B: Wéi gefält der meng Posch? Déi hunn ech aus enger aler Jeansbox gebitzt!

    A: Cool!

    B: Gesäis de, du kanns och eleng upcycelen a kreativ sinn.

    A: O, ech fäerten, ech si leider net sou douéiert wéi s du!

    Más Menos
    4 m
  • Aktivitéite fir d'Kanner zu Lëtzebuerg (A2)
    May 20 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Aktivitéite fir d’Kanner

    Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut?

    Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira?

    Samira: Mir geet et och gutt, mee ech sinn e bësse midd, ech hu mech dës Woch vill ëm mäi Bouf gekëmmert. Hien ass immens aktiv!

    Luc: Haha, jo, dat kennen ech. Meng Duechter war dës Woch och voller Energie. Ech sichen och nach no enger Aktivitéit fir de Weekend.

    Anna: Meng Kanner wollten nees an de Parc Merveilleux goen. Mir waren d’lescht Woch do a si hunn et einfach super fonnt.

    Samira: Jo, de Beetebuerger Park ass wierklech flott. Et gëtt esou vill Spiller an Déieren. Et kritt ee souguer speziellt Fudder fir d’Déieren ze fidderen. Dat hunn d’Kanner besonnesch gär.

    Luc: Ech war nach ni do, mee ech hu schonn dovun héieren. Kënnt een einfach dohin?

    Anna: Jo, ganz einfach. Si hunn och e Parking a souguer Navetten.

    Samira: Wësst der wat och flott ass? De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher! Mir waren virun zwou Wochen do. Et war immens schéin.

    Luc: Kann een do Päiperleke kucken?

    Samira: Jo, do gëtt et bis zu 40 verschidden Zorte vu Päiperleken, mee och Villercher, Beien an tropesch Planzen. Déi vill verschidde Faarwen hu mengem Bouf virun allem gefall. Et ass awer zimmlech waarm a fiicht dobannen.

    Anna: Dat kléngt interessant! Do kënnen d’Kanner mol eppes Neies gesinn a léieren.

    Luc: A propos léieren – mir ware viru Kuerzem am Naturmusée an der Stad. Meng Duechter interesséiert sech fir Fossilien an Dinosaurier. Hatt war faszinéiert!

    Samira: O, do war ech nach net mat mengem Bouf. Ass dat och fir kleng Kanner?

    Luc: Et hänkt vun der Ausstellung of, mee ech mengen ab 6 Joer misst dat awer an der Rei sinn. Ech weess, dass vill Primärschoulen dohinner ginn. De Musée ass immens interaktiv.

    Anna: Dat fannen ech esou wichteg! Mir waren d’lescht Joer am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng. Meng Kanner hu mat Roboteren a mat engem risege Magnéit gespillt. Et war wéi eng Spillplaz mat Wëssenschaft.

    Samira: Wow! A wat kascht dee Spaass?

    Anna: Fir Erwuessener sinn et 15 Euro a fir d’Kanner 9 Euro mengen ech, mee et ass wierklech der Wäert.

    Luc: Mir kënne jo eng Kéier all zesumme mat de Kanner dohinner goen.

    Samira: Vläicht kënne mir jo all Kéier op eng aner Plaz goen, da gesi mir alles Méigleches. Dëse Weekend kéinte mir vläicht an den Escher Déierepark goen, se hu gutt Wieder gemellt an et ass gratis.

    Anna: Jo, cool Iddi! D’Kanner kënnen do ronderëm lafen, Déiere gesinn, fidderen an heemelen.

    Luc: Topp! Mir fält och grad an, dass et den Train 1900 gëtt? Do fiert ee mam Dampzuch vum Fond-de-Gras bis op Péiteng an erëm zeréck.

    Samira: Wierklech?! Dat hunn ech net kannt, mäi Bouf ass e grousse Fan vun Zich!

    Anna: Da maache mer dat déi zweet Kéier, wa mir eis gesinn a falls et net reent.

    Luc: Jo! Dat ware lo vill Informatiounen. Loosst mech dat opschreiwen. Also: Parc Merveilleux zu Beetebuerg, de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher, den Naturmusée an der Stad, de Luxembourg Science Center zu Déifferdeng, den Déierepark zu Esch an den Train 1900 am Fonds-de-Gras.

    Más Menos
    4 m
  • Ukommen zu Lëtzebuerg: Administrativ Prozeduren (A2)
    May 15 2025

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Zu Lëtzebuerg ukommen

    Elena: Moie Stéphanie! Ech si lo zënter enger Woch hei zu Lëtzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gëtt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufänke soll.

    Stéphanie: Hallo Elena! Jo, effektiv. Et ass am Ufank e bësse vill, mee ech hëllefen dir gären. Hues de dech scho bei der Gemeng ugemellt?

    Elena: Nee, nach net. Firwat ass dat wichteg?

    Stéphanie: Du muss dech umellen, well s du dann e Certificat de résidence da kriss. Dee brauchs du fir vill administrativ Prozeduren, wéi zum Beispill d’Krankekeess oder fir e Bankkonto opzemaachen.

    Elena: A, ech verstinn! An, wéi ass et mat der Krankekeess?

    Stéphanie: Du muss dech bei der Caisse Nationale de Santé (oder: CNS) umellen. Wann’s de schaffe gees, mécht däi Patron dat fir dech. Wann s du nach keng Aarbecht hues, da muss du dech selwer bei der CNS umellen.

    Elena: Ok... A wéi eng Pabeiere brauch ech dofir?

    Stéphanie: Normalerweis brauchs du deng Identitéitskaart, de Certificat de résidence an eventuell en Aarbechtskontrakt.

    Elena: A wann ech e Bankkonto wëll opmaachen?

    Stéphanie: Do brauchs de och deng Identitéitskaart an e Certificat de résidence. E puer Banke froen och en Aarbechtskontrakt.

    Elena: Wow. Merci! Nach eng lescht Fro, wéi ass et mat der Steiernummer? Kréien ech déi automatesch?

    Stéphanie: Jo, normalerweis kriss du se automatesch, mee ech géif an denger Plaz eng Kéier bei der Administration des contributions directes uruffen, wann s du méi konkreet Froen hues. Vill Informatiounen stinn awer och op Guichet.lu an do kanns du alles noliesen.

    Elena: Ui! Ech hunn nach vill ze maachen! Wat ass da genau Guichet.lu?

    Stéphanie: Guichet.lu ass eng offiziell Regierungssäit, wou s de all administrativ Informatioune fënns, déi s de zu Lëtzebuerg brauchs. Et ass wéi e Guide fir d’Steieren, d’Sozialversécherung, Wunnen, d’Aarbecht an nach Villes méi.

    Elena: Ok, ech verstinn. Villmools merci fir all déi Informatiounen an deng Hëllef!

    Stéphanie: ‘t ass gär geschitt.

    Más Menos
    3 m
adbl_web_global_use_to_activate_T1_webcro805_stickypopup
Todavía no hay opiniones