Episodios

  • Episod 43: Carlo Feiereisen X Schëffleng
    Nov 28 2025

    Kontaktéiert eis

    Schëffleng, als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn.

    Eis “Minett-Location” vum Mount: De Lallengerbierg

    Am 43. Episod vum Minett Mash-Up Podcast si mer op de Lallengerbierg geklotert, deen eis Location vum Mount ass. Dëst beléift Erhuelungsgebitt, wat 282 Hektar grouss ass, bitt net just eng fantastesch Vue, ass 282 Hektar grouss an ass en Doheem ronn 500 verschidde Päiperleksaarten. Et ass doriwwer eraus d‘Haaptsiidlungsgebitt vun der Bëschléierchen zu Lëtzebuerg. Verschidde Wanderweeër, wéi de Minett Trail oder den Auto-pédestre Schëffleng, maachen dës Plaz zu engem Highlight fir Naturfrënn an d’Awunner vun den Dierfer, déi um Fouss vum Lallengerbierg leien.

    An dësem Episod gi mer op d’Wichtegkeet vum Lallengerbierg fir Schëffleng an, net nëmme wéinst senger natierlecher Schéinheet, mee och als Symbol fir d’Verbindung tëscht Natur an der industrieller Vergaangenheet vun der Regioun. De Buergermeeschter Carlo Feiereisen gëtt och gefrot, firwat säi Choix fir d’Opnam op dës Plaz gefall ass a wat de Lallengerbierg him perséinlech bedeit.

    Eise Gaascht: Carlo Feiereisen

    Eise Gaascht an dësem Episod ass de Carlo Feiereisen, deen zënter Uganks August Buergermeeschter vu Schëffleng ass. Am Interview schwätze mir iwwer seng nei Roll, déi hien no enger geplangter Transitioun vum fréiere Buergermeeschter Pol Weimerskirch iwwerholl huet. Hien erzielt, wéi hien sech an deene puer Méint zënter senger Ernennung an der neier Positioun erëmfonnt huet a wéi dës Transitioun, déi am Koalitionsaccord festgehale war, ofgelaf ass.

    Nieft sengem Posten als Buergermeeschter ass de Carlo Feiereisen och Member am Verwaltungsrot vun der Agora an am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD. Am Podcast diskutéiere mat him iwwert seng Visioun fir Schëffleng bis 2029, spezifisch Häerzensprojeten, déi hie realiséiere wëll an de regionalen Developpement vum Lëtzebuerger Süden, virun allem wat de Reamenagement vun industrielle Frichen ugeet, a wéi Schëffleng seng industriell Vergaangenheet mat moderner Stadentwécklung verbënnt, um Beispill vum Projet Metzeschmelz.

    Weider Themen an eisem Gespréich sinn seng berufflech Vergaangenheet als Infirmier Anästhesist, d’Internationalitéit vun der Gemeng mat iwwer 10.000 Awunner, an Infrastrukturprojete wéi den internationale Lycée, dee geschwënn op Schëffleng kënnt. Mir schätzen och iwwer d’Symbolik vun der Schëfflenger Schmelz als Verbindung tëscht vergaangener Aarbecht an der Zukunft an de Carlo Feiereisen deelt och seng perséinlech Verbindung zum Industrie-Patrimoine mat eis.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    37 m
  • Episod 42: Simone Asselborn-Bintz X Suessem
    Oct 31 2025

    Kontaktéiert eis

    Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nieft deenen, déi sech mam industrielle Patrimoine, der Natur an eisem Gaascht befaassen, netz e kuerz.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount: De Pavillon Source Belval

    D'Location vun dëser Episod ass de Pavillon vun der Source Belval, eng Plaz, déi als Erënnerung un dat fréiert Belvaler Mineralwaasser am Kader vun Esch2022 geschafe gouf. D'Plaz, wou een a gemittlecher Atmosphär eppes drénken oder eppes Klenges iesse kann, ass en Hommage un d' industriell Vergaangenheet vun der Quell Bel-Val.

    Net wäit vun der Source vun engem vun de renomméiertste Mineralwaasser weltwäit aus dem fréien 20. Joerhonnert gëtt haut un dëst Stéck Lëtzebuerger Industriegeschicht erënnert. Am aktuellen Episod vum Minett Mash-Up geet et och ëm d'Potenzial, d'Source Bel-Val an edukativ oder touristesch Projeten z'integréieren, fir d'Bewosstsi fir d'Bedeitung vum Waasser am lokale Patrimoine ze stäerken. D'Plaz symboliséiert d'Verbindung tëscht der industrieller Kultur an den natierleche Schätz vun der Minett-Regioun.

    Eise Gaascht: Simone Asselborn-Bintz

    Den Invité vun dësem Episod ass d'Simone Asselborn-Bintz, d'Buergermeeschtesch vu Suessem an déi eenzeg Fra un der Spëtzt vun enger vun den eelef Gemengen an der Minett Biosphere. Am Gespréich gëtt hir politesch Carrière beliicht, inklusiv den Ënnerscheed tëscht hirem Mandat als Buergermeeschtesch an hirer Zäit an der Chamber. Mir ginn der Fro no, firwat et esou wéineg Fraen un der Spëtzt vu Lëtzebuerger Gemenge gëtt an d’Simone Asselborn-Bintz erzielt eis och iwwer hire perséinleche Wee an d'Politik, wou hir Elteren, de Schauspiller Aly Bintz an d’Radiosspeakerin an Escher Lokalpolitikerin Micky Erpelding, éischter eng Brems ewéi eng Motivatioun waren.

    Als fréier Educatrice erkläert eis Invitée eis awer och, wéi hir berufflech Erfarung hir politesch Usiichten, besonnesch am soziale Beräich, beaflosst huet a si deelt och hir Perspektiven zur Gläichstellung vu Fraen a Männer um Aarbechtsmaart an an der Politik mat eis. An och d’Bëschléierchen, deen heemleche Star vun eisem Biosphärereservat ass e Sujet am Gespréich mat der engagéierter Lokalpolitikerin.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    36 m
  • Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng
    Sep 26 2025

    Kontaktéiert eis

    Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller interessanter Momenter, direkt aus dem Häerz vum Minett.

    Eis “Minett-Location vum Mount”: Spektrum

    Dës Kéier hu mir am "Spektrum" opgeholl, dem fréieren Haus vum bekannte Lëtzebuerger Sculpteur Albert Hames. Dëse gebiertege Rëmelenger, dee bis zu sengem Doud am Joer 1989 hei geschafft huet, huet Wierker hannerlooss, déi wäit iwwer d'Grenze vu senger Heemechtsstad eraus bekannt sinn, wéi zum Beispill säi Monument an der Stater Gare. Am Podcast gi mir der Fro no, wéi eng Spueren den Albert Hames soss nach zu Rëmeleng hannerlooss huet.

    Fir Esch2022 gouf d'Haus an en immersive Kulturzentrum transforméiert, an deem och d'Ofschlossfeier fir d’Partner a Sponsore vum Kulturjoer stattfonnt huet. Mir froen de Buergermeeschter, wéi eng Roll dëse besonnesche Projet an der Zukunft vu Rëmeleng spille soll a wéi déi aktuell Visioun fir de "Spektrum" ausgesäit.

    Eis Gäscht: Henri Haine & Elvedin Muhovic

    Doriwwer eraus léiere mir eis zwee Gäscht besser kennen. Den Henri Haine, deen elo zënter 14 Joer Buergermeeschter vun der klenger Stad ass, verréit eis, wat säi gréisste Challenge an där Zäit war.

    Den Elvedin Muhovic, deen 2023 direkt op déi zweet Plaz gewielt gouf an domat éischte Schäffe ginn ass, erzielt eis vu sengem Sprong an d'Politik a senger Motivatioun als jonke Politiker. Besonnesch interessant ass et, ze héieren, wéi déi zwou Generatiounen zesummeschaffen, fir d'Zukunft vu Rëmeleng ze gestalten.

    Aner Sujete sinn d'Industriekultur an den eelste Kino vum Land. Mir schwätzen iwwer de bekannte Musée des Mines, a wéi d'Gemeng d'Erënnerung un d‘Zäit vum Biergbau un déi jonk Generatioune weidergëtt a spadséiere virtuell duerch ee vun de raren Arboretumer vum Land an deem eng geologesch Iwwerraschung op d’Visiteure waart.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    53 m
  • Episod 40: Jean-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péiteng
    Aug 29 2025

    Kontaktéiert eis

    De 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem Episod geet et awer net just ëm d’Gemeng, mä mir léieren och de „Wandjang“ kennen, deen de Péitenger esou vill bedeit, datt se him en Denkmal gebaut hunn.

    Eis "Minett Location" vum Mount: D’Péitenger Gemengenhaus

    Dëse Mount hu mir eis am Häerz vun der Gemeng Péiteng mat eise Gäscht getraff. D’Gebei, wat an der zweeter Halschent vun den 1930er gebaut an Uganks den 2000er Jore vergréissert huet, ass déi Plaz op där d’Häaerz vun der Gemeng Péiteng schléit.

    Geleeën op der John F. Kennedy Plaz, huet déi aktuell Péitenger Gemeng d‘Nothombsschlass ersat, wat tëscht 1908 a 1935 de Sëtz vun der Gemengenadministratioun war.

    Eis Gäscht - Jean-Marie Halsdorf a Guy Brecht

    Den aktuelle Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an de Schäffe Guy Brecht, deen och Member an Bureau vum Gemengesyndikat PRO-SUD ass, wat jo d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, hunn dëse Mount mat eis geschwat.

    De Jean-Marie Halsdorf kann op eng laang an erfollegräich Karriär als Politiker zeréckkucken. Nieft senger Funktioun als Buergermeeschter vun der fënneftgréisster Gemeng vum Land war hien, ënnert anerem Innen- a Landesplanungsminister. Hien deelt mat eis seng Andréck vun der Gemeng Péiteng, hirer dynamescher Entwécklung an d’Bedeitung vun der Industriekultur, déi e Kär vun hirer Identitéit ass.

    De Guy Brecht, deen berufflech bei der Eisebunn aktiv war, ass 2023 Schäffe vun der Gemeng Péiteng ginn. Do virdrunner war de Rodanger 23 Joer laang Gemengeconseiller. Mat him hu mer notamment iwwert d’Roll vun de restauréierte Millen um Territoire vu senger Gemeng geschwat.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    46 m
  • Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech
    Jul 25 2025

    Kontaktéiert eis

    Fir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen.

    Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm vun eisem Gespréich. Aner Sujete sinn d’Aktivitéitszon zu Féiz, déi eng vun de gréissten an eelsten Aktivitéitszone vu ganz Lëtzebuerg ass, an d‘Naturschutzgebitt Dumontshaff, wat Visiteure mat senge Waasserbüffel a Storche begeeschtere kann. Da schwätze mer awer och iwwert den Ausbau vun der erneierbarer Energie. Monnerch plang e grousse Solarpark un ale Crassier, deen natierlech och e Sujet am Podcast ass.

    Eis Gäscht: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill

    Déi zwee Gäscht an dësem Episod vum Minett Mash-Up sinn de Jeannot Fürpass, de Buergermeeschter vu Monnerech, an d‘Anouk Boever-Thill, fréier PRO-SUD-Presidentin an aktuelle Member vum PRO-SUD-Büro.

    Mam Buergermeeschter potere mer iwwert déi grouss Projete vun der Gemeng a firwat him als Buergermeeschter d'Biergerbedeelegung esou wichteg ass.

    Mam Anouk Boever-Thill kucke mer op hir 8 Joer an der Gemengepolitik zeréck, gi gewuer firwat si sech elo aus der aktiver Politik zeréckzitt a kréien en Abléck an hir aktuell berufflech Challengen. Si ass virun e puer Joer als Quereinsteigerin an den Enseignement gewiesselt.

    Méi Infoen iwwert de "Minett Mash-Up" an all d'Linken bei d'Sujeten iwwert déi mer geschwat hunn, fannt dir an eise Shownotes.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    48 m
  • Episod 38: Jean Weiler X Käl
    Jun 27 2025

    Kontaktéiert eis

    An dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi mer eis, matten an engem Park, mat Käler Buergermeeschter ënnerhale konnten.

    Eis „Minett-Location” vum Mount: De Park Ouerbett

    Rendez-vous fir dësen Episod vum Minett Mash-Up opzehuelen hate mer am Park Ouerbett. Dës gréng Long am Zentrum vu Käl ass am Joer 2010 opgaangen a war 2011 souguer Finalist fir de Lëtzebuerger Architekturpräis. Et ass eng Oas vun der Rou fir grouss a kleng, mat enger Spillplaz, Sportsinstallatiounen, déi vun der Bevëlkerung genotzt kënne ginn an engem Pavillon, an deem ganz geschwënn nees e Restaurant opmaachen dierft.

    Eisen Invité: Jean Weiler

    De Jean Weiler ass zënter 2022 Buergermeeschter vun der Gemeng Käl-Téiteng. Éier hien seng politesch Funktioun iwwerholl huet, war de Jean Weiler als Enseignant engagéiert. Hien ass, wéi en eis verroden huet, e richtege Käldaller, dee schonn an all den Uertschafte vun dësem Dall gelieft huet.

    An eisem Gespréich ass riets gaangen iwwert d’Erausfuerderungen a punkto Entwécklung vun enger Gemeng, déi an engem relativ enken Dall, tëscht zwee aussergewéinlechen Naturschutzgebidder läit. An deem Kontext hu mer mam Jean Weiler iwwert de „Plan de développement communal” geschwat an den zukünftege Quartier Käl-Nord. E weidere Sujet war déi lokal Industriegeschicht mat den Infrastrukturen, déi d’Gemeng esouwuel mam Musée Ferrum ewéi doriwwer eraus en place gesat huet.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    32 m
  • Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng
    May 30 2025

    Kontaktéiert eis

    An dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft.

    Location vum Mount: Käerjenger Museksschoul

    D'Käerjenger Gemeng ass mat 34 km² déi gréisste Gemeng vun der Minett Biosphere. Als eenzeg Gemeng aus dem Kanton Capellen déi zur Biosphär gehéiert, huet se eng besonnesch Positioun.

    Am Moment ass d'Gemeng an engem Provisorium ënnerbruecht, well d'Gemeng en neit Gemengenhaus kritt, wat dat aalt aus den 1960er Joren ersetze wäert, sinn d’Bureau op déi al Spillschoul, d’Gemengenatelieren an d’Käerjenger Museksschoul verdeelt ginn. Dat nei Gebai ass awer e Sujet, well et dat éischt Gebai vun enger ëffentlecher Verwaltung zu Lëtzebuerg soll sinn, wat komplett ouni externen Heizsystem funktionéiere soll.

    Eis Gäscht: Michel Wolter & Yves Cruchten

    De Michel Wolter, fréiere Minister, laangjärege Parlamentarier a säit 15 Joer Buergermeeschter vu Käerjeng, ass mat sengen iwwer 40 Joren Erfarung en alen Hues an der Politik, deen awer nach ëmmer Spaass u sengen Aufgaben huet a speziell u sengem Job als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Käerjeng, déi aus de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg ervirgaang ass.

    Den Yves Cruchten ass zënter de leschte Gemengewale Schäffen zu Käerjeng a Member am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD, dee fir d’Gestioun vun der Minett Biosphere zoustänneg ass. Hien ass Deputéierten an der Chamber an aktive Member vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot zu Stroossbuerg.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    41 m
  • Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht
    Apr 25 2025

    Kontaktéiert eis

    Am 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'Brillschoul

    D'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, steet dëst imposant Gebai als Symbol fir d'Entwécklung vun der Stad Esch. Mat senger charakteristescher Architektur aus der Belle Époque ass d'Brillschoul net nëmmen dat eelst a gréisst Primärschoulgebai vun Esch, mee och e wichtegt Zäitzeie vun der lokaler Geschicht.

    D'Schoul läit zentral tëschent dem Resistenzmusée, dem Theater an dem Ariston, direkt bei der Uelzechtstrooss am Häerz vum Quartier Brill. Iwwer Generatioune goufen hei Kanner aus alle soziale Schichten ausgebilt, wat d'Schoul fir vill Escher zu engem Symbol vun hirer Stad mécht.

    Haut ass d'Brillschoul nach ëmmer e liewegen Deel vum Escher Bildungssystem. D'Gebai gouf iwwer d'Jore moderniséiert, awer den historesche Charakter gouf erhalen. D'Kombinatioun vun Traditioun an Innovatioun mécht d'Brillschoul zu enger idealer Plaz fir iwwer d'Zukunft vun Esch an eiser ganzer Regioun ze schwätzen.

    Eise Gaascht: Christian Weis

    De Christian Weis representéiert eng nei Generatioun vu Politiker am Süde vum Land. Als Buergermeeschter vun Esch an als President vum Gemengesyndikat PRO-SUD kombinéiert hien zwou wichteg Funktiounen.

    Als fréiere Schäffen a säit annerhallwem Joer Buergermeeschter vun der zweetgréisster Stad am Land, bréngt hien eng kloer Visioun fir d'Zukunft vun Esch mat. Trotz sengem jonken Alter huet hien sech schonn en Numm gemaach, och an der nationaler Politik.

    An eisem Gespréich goung et awer net just ëm seng politesch Aarbecht, mee mir hunn och eng iwwert eng méi perséinlech Säit mam Christian Weis geschwat: seng Passioun fir d'Baken an d'Pâtisserie.

    Als President vum PRO-SUD ass hien och eng Schlësselfigur an der Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Ënner senger Leedung gëtt probéiert, den industriellt Ierwe vun der Regioun mat enger nohalteger Zukunft ze verbannen.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    56 m