Méi wéi e Mandat Podcast Por Sven Clement arte de portada

Méi wéi e Mandat

Méi wéi e Mandat

De: Sven Clement
Escúchala gratis

Acerca de esta escucha

"Méi wéi e Mandat" ass e Podcast deen d'Politik vu baussen a vu bannen weist. De Sven Clement an d'Christine ginn Abléck an hiert Liewen als Politiker-Koppel zu Lëtzebuerg, schwätzen iwwert d'Erausfuerderungen, d'Freed an d'Frustratiounen déi Politik mat sech bréngt. Authentesch a mat enger Portioun Humor ginn si hannert de Riddo vun der Chamber, erzielen iwwert den Alldag um Kichendësch an doriwwer wat et heescht, d'Politik net just ze maachen mee och ze liewen. Fir jiddereen deen sech freet, wat Politik wierklech bedeit a wéi et ass, wann d'Politik zum Alldag gëtt.Sven Clement Ciencias Sociales
Episodios
  • D'Parlament a seng Geheimnisser
    Jul 14 2025

    Wann d'Regierung schwätzt, lauschtert d'Chamber no. Mee wat geschitt, wann d'Regierung schweigt? Ee Kampf fir Transparenz an demokratesch Rechter, deen net nëmmen d'Chamber, mee d'ganz Land betrëfft.


    Wat geschitt hannert de Kulisse vun eiser Demokratie? De Sven Clement erzielt vu sengem juristische Kampf fir Transparenz an Informatiounszougang, deen den "Arrêt Clement" abruecht huet. Vun der Verweigerung vu Regierungsdokumenter bis hin zu Covidvaccin-Kontrakter - erliewe mir, wéi ee Parlamentarier seng Roll als Kontrollinstanz eescht hëlt an dobäi op massiv Widerstänn trëfft, obwuel d'Recht op senger Säit ass. Eng spannend Rees duerch d'Muechtverhältnisser tëscht Chamber a Regierung.

    Más Menos
    32 m
  • Benevolt Engagement – Méi wéi nëmmen Zäit
    Jun 21 2025

    Eng Gesellschaft brauch eis all! Am Gespréich iwwert Benevolat schwätzen ech mam Christine iwwer d'Wichtegkeet vum fräiwëllegen Engagement. Vum Sport iwwer d'Entwécklung bis hin zu lokalen Initiativen - mir entdecken d'Erausfuerderungen a Chancen vum Benevolat an eiser moderner Gesellschaft. Firwat gi Waardelëschten am Sport ëmmer méi laang? Wéi kënne mir d'Benevolat nees méi attraktiv maachen? A firwat ass et wichteg, iwwer eis eegen Nuesespëtzt erauszekucken? Eng Episod iwwer d'Verantwortung, déi mir all an eiser Gemeinschaft droen.

    Más Menos
    32 m
  • Gewalt am Sport – Wat sinn d'Konsequenzen?
    Jun 20 2025

    Eng schockant Affär ëm häislech Gewalt hëlt d'Lëtzebuerger Fussballwelt an Otem. De Fussballnationalspiller Gerson Rodriguez, verurteelt wéinst Gewalt géint seng Ex-Frëndin a géint e Videur, duerf weiderhin fir d'Nationalekipp spillen. Dës Entscheedung vun der FLF huet Wellen an der Gesellschaft geschloen an eng wichteg Debatt ausgeléist: Wéi geet eise Sport mat Gewalttäter ëm? Firwat gëtt d'Leeschtung vum Fraefussball ignoréiert wärend Männer trotz Verurteelung gefeiert ginn? D'Christine an de Sven diskutéieren iwwert strukturell Problemer am Sport, d'Verharmlosung vu Gewalt an d'Verantwortung vu Verbänn, fir e kloert Zeechen ze setzen: Gewalt däerf ni toleréiert ginn, egal wéi gutt een am Sport ass.

    Más Menos
    31 m
Todavía no hay opiniones